D’Wale sinn eriwwer an ech hoffen, datt een endlech nees sachlech iwwer Sproochepolitik schwätze kann. D’Walen hu bewisen, datt ee mat der Angscht, d‘Lëtzebuergesch géif ausstierwen, a mat onrealistesche sproochepolitesche Fuerderungen zwar Liken op Facebook iewel wéineg Kräizer op dem Stëmmziedel kritt. An dat ass gutt esou, well eis Sprooch gehéiert kenger Partei, ma all deenen, déi se schwätzen. Op se se als éischt oder als zweet Sprooch geléiert hunn.
Bis elo ass zu Lëtzebuerg praktesch nëmmen eng laissez-faire Sproochepolitik gemach ginn. An der leschter Legislaturperiod ass fir d’éischt an onser Geschicht eng Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ausgeschafft ginn an op de leschte Stëppel virun de Walen e Kommissär dofir ernannt ginn. Nodeems d’Dräier-Koalitioun bestätegt gouf, erstaunt et net, dat se voll op Kontinuitéit setzt. E puer Highlighte vum dëser Strategie ginn am Koalitiounsofkommes besonnesch ervirgestrach. Zum Beispill eng verstäerkte Präsenz vum Lëtzebuergeschen op alle Schoulnivoen. Esouguer an den internationale Schoule soll Lëtzebuergesch systematesch ageféiert ginn.
De Franséischunterrecht soll moderniséiert ginn an den Accent op d’Kommunikatioun an de mëndlechen Ausdrock geluecht ginn. Bei deene ganz Klengen soll dat spillerescht am Mëttelpunkt stoen. D’Diversifikatioun vun der Offres scolaire mat atypesche Sproochparcourse soll weidergedriwwe ginn. Domadder geet d’Erosioun vun der klassescher Dräisproochegkeet weider, ouni datt dëst explizit gesot, geschweig dann als Zil formuléiert gëtt.
Och am Gesondheetswiesen soll méi Lëtzebuergesch gebrauch ginn an d’Etablissementer ginn an hiren Efforte fir Coursen an onser Sprooch unzebidden ënnerstëtzt. Iwwerhaapt sollen esou Coursë prioritär a verstäerkt am Kader vum Life Long Learning an an dem Integratiouns-Parcours fir Neibiirger offréiert ginn. De Congé linguistique war am Kader vum sougenannte Spuerpak reduzéiert ginn. Leider ass vergiess ginn seng Opstockung an de Koalitiounspabéier anzeschreiwen.
Och bei der Plaz vun der Lëtzebuerger Sprooch innerhalb vun der EU kritt een den Androck, datt hei deen néidege Courage gefeelt huet, fir iwwer deen eegene Schied ze sprangen, dat heescht fir onsen nationale sproochidelologesche Brëll an Täsch ze stiechen. Wann een d’EU Verträg eescht hëlt a mat de Kritäre vum Conseil de l’Europe un d’Saach erugeet, ass et nëmme logesch, datt Lëtzebuergesch déi 25. EU-Sprooch muss ginn.
25 + 347 Wieder