Moiesstudio

Laurent Zeimet: "Beim Konflikt an der Ukrain geet et och ëm eis Fräiheet"


Listen Later

Fir den drëtten Anniversaire vum massive russeschen Ugrëff op d’Ukrain koumen eng Dose Staats- a Regierungscheffen op Kiew, fir hir weider Ënnerstëtzung am Krich ze weisen. Op der Konferenz mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj koum och e kuerze Videomessage vum Lëtzebuerger Premier Luc Frieden. Vun der Regierung war keen an d’Ukrain gereest. Just den Député-maire vun der CSV Laurent Zeimet, dee fir d’éischte Kéier an d’Krichsland gereest ass, zesumme mat enger gréisserer Delegatioun vun europäesche Parlamentarier.
Zu Kiew huet eise Korrespondent Philip Crowther de Laurent Zeimet getraff
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

MoiesstudioBy radio 100,7