Récits de Voix - Porteurs de Mémoire

Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Podcast introduction


Listen Later

Récits de Voix – Porteurs de Mémoire gëtt leschte Survivant'en vun der Shoah, dem Holocaust, d’Geleeënheet dat Onausdrécklecht ze verzielen, un déi Zäit ze erënneren, wou si als Kand vun de Nazien persekutéiert gi sinn. 
All Episod ass eng geliewte Geschicht a Form vun engem Témoignage. 

Parallel, gëtt den Historiker, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, a President vum Comité Auschwitz Lëtzebuerg, Marc Schoentgen Erklärungen zum Kontext vun der Zäit, an eventuelle Parallelen zu haut.

But ass Geschicht an Erënnerungskultur ze vermëttelen, ze sensibiliséieren, eduquéieren, a jonke Generatiounen ze hëllefen d’Shoah ze verstoen. 

Mam Zil datt d'Affer vun der Shoah an d'Zäit vum Holocaust ni vergiess ginn. Dëse Podcast ass mat der Ënnerstëtzung vum Comité Auschwitz Luxembourg an der
Fondation Mazalbert - ënnert der égide vun der Fondation de Luxembourg - entstaanen

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Récits de Voix - Porteurs de MémoireBy natasha ehrmann