Endlech rëm dat wat mer kënnen, endlech rëm dat wat dir kennt.
Den Original-Podcast-mat-Invité huet rëm e sensationellen Invité, an zwar den Tun Biever, wann ee Facebook gleewen dierf verantwortlech fir "Vocals, Guitar & Keys" bei der sympathescher an talentéierter Band TUYS.
D'Diddelenger Rotzbengelen suergen a schlechten Zäite fir gudde musikalesche Stoff a soen ëmmer fein "Moien" wann ee se op der Strooss begéint.
Den Tun verréit eis awer och säi Side-Business nieft der Musek, mir schwätze ganz kuerz awer intensiv serieux an hie bréngt Wierder mat ewéi "Analogien" a "receptiv".
Ausserdeem gëtt et rëm eng Editioun vum "Spoilerman"(1:18:22 - 1:26:48) - lo am Lieblingspodcast vun RTL!