Hien ass nieft dem Picco Bello d'Allzweckwaff vum RTL an huet den "Nek" sou salonfäeg gemaach dass e souguer Fanbréiwer heivir kritt. An eiser aktueller Episod den Dan Spogen, deen eigentlech ganz anescht heescht, a mat eis iwwert e grousst Drama an där Kris hei schwätzt: den Ausfall vun der Päischtcroisière.
Ausserdeem hu mir am Gossipschaf vum Famillenduell gewullt an den Dan huet eis am Detail erkläert firwat et deemools fir hie kee Concert vum Gregory Porter gouf.
Mäi Gott, wat eng gäil Episod!