Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain ass d'Suerg och grouss ëm déi ganz akademesch Welt, ëm Fuerscher a Fuerscher-innen, Studentinnen a Studenten an der Ukrain. Vill vun hinne fäerten ëm hiert Liewen oder sinn op der Flucht. Déi russesch Invasioun zerstéiert Mënscheliewen, mee och Fuerschungszenteren, Bibliothéiken, Archiven, Monumenter. Si ass och eng Attack op d'wëssenschaftlech Kooperatioun tëschent europäesche Länner. Dozou den Denis Scuto