Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
We invite filmmakers from Luxembourg and all over the world to discuss their passion and craft of making movies! ... more
FAQs about 35M Elevator Pitch:How many episodes does 35M Elevator Pitch have?The podcast currently has 29 episodes available.
April 04, 2025EUGENIE ANSELIN – Ausser OtemD’Eugenie Anselin ass voller Iwwerraschungen. Mir kennen hatt natierlech als talentéiert Schauspillerin, dat schonn als Kand virun der Kamera stoung – mee ech hunn nawell gutt gestaunt wéi hatt erzielt huet mat wat et bei him lassgaang ass.D’Eugenie erzielt eis wéi hatt iwwert den Otem a seng Rolle rafënnt mee och wéi ee mat Kritik ëmgeet. Besonnesch dann, wann se perséinlech ass an extra wéi deet. Eppes, dat mer mengen ech alleguer kennen.Gottseidank hu mer d’Opnam vun dësem Podcast ouni Accident iwwerstanen hunn. Well wärend där Stonn, hätt beim Eugenie sou munches kenne passéieren...Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 14minPlay
March 14, 2025HANA SOFIA LOPES – Déi ganz Welt ass eng BühnAls Weltenbummler a Polyglott (ganzer 7 Sproochen!) ass d'Hana Sofia Lopes scho vill rondrëm komm. Seng neisten – a vläicht gréissten Eskapad kënnt der dëse Méindeg, 17. Mäerz um 20:15 op ZDF bewonneren: den Action-Thriller "Flucht aus Lissabon". An der Haaptroll: eist Sofia.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 11minPlay
March 08, 2025CHRISTINA SCHAFFER – Baut sich die Welt wie sie ihr gefälltUnser heutige Gast ist geboren in der ältesten Stadt Deutschlands. Nicht nur deswegen kennt die Christina sich gut aus mit Geschichte. Als Production Designerin hat sie schon viele verschiedene Zeitepochen wahrheitsgetreu in ihren Kulissen wieder aufleben müssen. Bis ins letzte Detail kümmert sie sich um alles was im Film um die Schauspieler herum zu sehen ist. Man kann also sagen, dass Christina Schaffer Welten erschafft.Mit Christina unterhalten wir uns über wie wichtig es ist, unsere Kreativität immer wieder neu zu definieren – Dass der Weg zu einem gewünschten Ziel, nicht immer eine gerade Linie ist – und warum wir uns, voller Nostalgie, in vergangene Epochen zurück träumen.Ein spannendes Gespräch mit einer inspirierenden Frau. Viel Spaß mit der Production Designerin Christina Schaffer.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 3minPlay
February 14, 2025ALEX ESPIGARES – Eise Mann mam OscarAnd the Academy Award goes to... Alexandre Espigares! Yes, haut hu mer e ganz spezielle Gaascht op Besuch. Nämlech eise Mann mam Oscar. Ier en zu Hollywood di gëlle Statue fir de "Mr Hublot" an de Grapp gedréckt krut, huet den Alex awer fir d’éischt mol misse laang Joren iwwert d’ganz Welt reesen, wou hien op deene verschiddensten Zeechentrickfilmer als Animateur geschafft huet.Mam Alex ënnerhalen mer eis iwwert den Ënnerscheed tëschent Animatioun a Live Action, respektiv wat déi zwou Konschtforme gemeinsam hunn; a wéi eng Animatiounsfilmer eis an der Kandheet iwwelst traumatiséiert hunn.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 16minPlay
January 24, 2025ULI SIMON – Kleider machen Leute (Deutsch)Uli ist nicht nur unser erster nicht Luxemburgisch-sprachiger Gast, sondern mit ihr haben wir zum ersten mal eine Kostümbildnerin zu Besuch. Einer dieser Jobs beim Film, die viel spannender sind als man sich das als Nichtkenner so vorstellen würde – es geht nämlich um viel mehr als nur Kleider. Besonders wenn man schon so viele, und so große Projekte wie die Uli aufzeigen kann. Man denke nur an die vielen Stars, die sie über die Jahre hinweg an– und auch ausgezogen hat...Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 10minPlay
January 03, 2025ERIC LAMHÈNE – Stäerkt & Resilienz"Hors d'Haleine" ("Breathing under Water") heescht den éischte Feature Film vum Eric Lamhène. An dësem emouvanten Drama geet et em haislech Gewalt, an erzielt d'Geschicht vum "Emma" (wonnerbar verkierpert vum Carla Juri) dat sech de Wee zréck an en eegent, fräit Liewen erkämpft.Den Eric verréit wéi hien de Scenario zesumme mat senger Fra, Rae Lyn Lee, no jorelaanger Recherche geschriwwen huet. Wéi huet hier Kollaboratioun funktionéiert, wärend se net nëmmen um Set Regisseur- a Kamerafra Duo waren, mee gläichzäiteg doheem Papp a Mamm vun engem klenge Bouf.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 17minPlay
December 13, 2024JULIE KIEFFER – D’Julie war ni fortUgefaangen huet fir d'Julie alles um Set vun der Sitcom „Comeback“, wou hatt fir d’éischte Kéier huet dierfen eng Haaptroll spillen. Dobäi huet seng grouss Loscht fir d’Schauspillerei schonn an der Kandheet an him gebrodelt.Haut ass d’Julie net nëmmen eng vun de villverspriechendste Lëtzebuerger Actricen – hatt huet sech parallel dozou fir de Wee als Pädagog entscheet, wou hatt de Nowuess un den Theater eruféiert. Dat wëll awer net heeschen, dass een net och ka fir Präisser op internationale Film Festivallen nominéiert ginn.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more57minPlay
November 29, 2024Special: "QUICKIES" Round Table – Go Make Films Now! (English)"QUICKIES" is an anthology of low budget short films, each directed by another filmmaker, created by the Luxembourg Filmmakers’ association FILMREAKTER. We celebrate the premiere of the 2nd season with a live round table, where we talk to one of its creators, Govinda van Maele, and four of the participating filmmakers: Julie Schroell, Eileen Byrne, Ganael Dumreicher, and Roxanne Peguet.Created to inspire new approaches to filmmaking in a rapidly changing world, the "Quickies" series welcomes both emerging talents and established filmmakers, encouraging bold and unconventional storytelling through innovative ideas in content and form.This conversation was recorded with a live audience at the Cinémathèque du Luxembourg on November 14th 2024.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 2minPlay
November 22, 2024ANDY BAUSCH: PART 2 – Steel crazy after all these yearsNodeems den Andy mat vill Asaz de Sprong vu passionéiertem Amateur op Profi gelonge war, ass hie mat sengem "A Wopbopaloobop A Lopbamboom" an der Europäescher Filmlandschaft duerchgestart. Dono huet den Andy an Däitschland bei villen Tëlee's Filmer- a Serië Regie gefouert, an huet deene säi Stempel opgedréckt.Mee d'Heemecht huet hien zréck an de Minett gezunn. Resultat: de "Club des Chômeurs", an een Documentaire nom aneren iwwer lëtzebuerger Geschichten. An och haut gëtt et kee Grond fir den Andy e Gank erof ze schalten!Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more55minPlay
November 08, 2024ANDY BAUSCH: PART 1 – D’Kees op an d‘Klacken eraus!Den Andy ass ee vun de Pionéier vum Lëtzebuerger Kino, déi di siwent Konscht an eis klengt Land bruecht hunn. Ufanks den 80er Joren, wéi d’Filmindustrie zu Lëtzebuerg nëmmen aus e puer Gecke wéi him bestanen huet, huet hien seng éischt Filmer gedréint – mat nëmme wéineg Mëttelen, mee ëmsou méi Leidenschaft. An huet esou Kultfilmer wéi den "Troublemaker" geschaf.Et ass e Genoss dem Andy sengen Anekdoten aus där Zäit nozelauschteren, wéi hie mat sengem Frënnt an "acteur fétiche", Thierry van Werveke, des wëll Zäit erlieft huet, a wéi aus deene puer Gecke lues a lues Vollprofien ginn ass...Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 11minPlay
FAQs about 35M Elevator Pitch:How many episodes does 35M Elevator Pitch have?The podcast currently has 29 episodes available.