„Mir musse méi serieux ginn!“ hu mer eis virgeholl…
An do koum d’Deputéiert, Parteipresidentin, Newcomer-Podcasterin a Monarchiefan Djuna Bernard.
Geschwat hu mir iwwert einfach a schwiereg Zäiten als gréng Politikerin, mir hunn e Ranking vun de schéinsten Deputéierten opgestallt an hunn d’Thema „Kulturzeen zu Lëtzebuerg“ liicht ugeschnidden.
Vill méi wichteg awer: d’Chu’na Bernard huet wuel déi schéinste Geschicht vu sengem 1. Joint…
...ah jo, an den David huet eng nei Rubrik: Dem David seng Rubrik.