Max Heil, Dani Cavalieri, Eldoradio
De Max an den Dani wollte mat der 6. Episod de Bausteen fir eppes ganz Neies leeën. No laangem iwwerleeën si si op d'Iddi komm en eegene Béier ze maachen. Wat zimmlech interessant ass, well den Dani absolut keen Alkohol drénkt. Wat hunn déi zwee do gewurschtelt? Op wat wëlle se eraus a wéi wäit si se mat hirem Plang? Dat alles gëtt et an der Episod 6 - Cheer Beer.