Di Lëtzebuerger Handball Nationalequipe huet e regelrechten Exploit färdesch bruecht an hirem leschten EM Prequalifikatiounsmatch an Estland.
Fir di éischt am Grupp ze ginn an eng Ronn weider ze kommen hätt d’FLH Selektioun mat 2 Goaler Ecart misste wannen.
VIRGULE TOP
No enger ganz spannender Ennphas huet di Lëtzebuerger Nationalequipe 29-26 gewonnen domatter ass Qualifikatioun perfekt;
No der Victoire war d’Freed enorm bei der Lëtzebuerger Equipe; huet vläicht déi Equipe gewonnen déi méi gewannen wollt? de Christian Bock
CUT
An der Paus waren d’Esten e Samschden nach 17-14 am Avantage.
Nom 3 Goaler Retard no 30 Minutten huet d’FLH Selectioun net panikéiert an ass méi no erukomm.
De Goalkeeper Chris Auger wosst datt wann muench Feeler géifen ofgestallt ginn e gutt Resultat dra wier
CUT
No 39 Minutte stoung et 19-19 gläich.
3 Minutten virun Enn waren d’Lëtzebuerger 4 Goaler vir mä d’Esten si nees eru komm.
Allgemeng waren den Eric Schroeder mat 7 Goaler an de Yannick Bardina mat 8 di bescht Marqueuren.
De Bardina de bei TV Lohr an Däitschland spillt huet Sekonne virun Enn di entscheedend Aktioun gehat. De Lënkshänner war einfach super drop
CUT
De Nationaltrainer Adrian Stot a seng Jongen waren di lescht Joeren méi dacks no en engem Exploit an do huet ëmmer eppes gefeelt. Gëschter huet quasi alles gepasst. Wat war dem Trainer seng Reaktioun nom Exploit?
cut
Am Europäeschen Ranking ass Estland op der Plaz 29; Lëtzebuerg elo nach op der 36.
am Abrëll ass de näechste Rendez-vous an der EM Qualifikatioun Méiglech Géigner an engem Barrage-Match sinn dann Tierkei, Israel oder Finnland
VIRGULE AKTUELL
Manner hecktesch an intensiv war et um 16. Wisicup vum HB Péiteng mä et war e gelonge w-e. D’Installatiounen um Rodanger Fussballsterrain si jo och ideal fir den Handball um Wuess.
Den President vum HB Péiteng Jean-Claude Muller ass houffreg op dëse dann besonnechen Tournoi
CUT
Mat dem flotten Wisicup an dem Exploit vun der Nationalequipe konnt de Week-end am Handball jo kaum méi schéi sinn.