Den Handballfrënn gëtt dëser Deeg relativ vill gebueden.Tëscht zwee Spilldeeg steet nämlech Coupe de Luxembourg um Programm an dat esouwuel bei den Dammen wéi och bei den Hären. No 26 Joer op der Trainerbänk geet dann och fir de Claude Weinzierl vum Roude Léiw Bascharage eng erfollegräich Carrière op en Enn. De 7 Meter wéi gewinnt mam Serge Olmo a Gilles Tricca.