Am nationalen Handball Championnat ass jo de Moment bei den Hären eng kleng Paus. D’Beneluxliga steet nämlech des Deeg am Mëttelpunkt. Besonnesch di Käerjenger ënner hirem neien Trainer Riccardo Trillini iwwerzeegen dës Saison bis elo. Bei den Damen goufen et am Championnat déi erwaarten Resultater an den HBD preparéiert säin Rendez-vous am europäeschen EHF-Cup. Detailer am 7 Meter mat Serge Olmo a Gilles Tricca