Am nationalen Handball geet et an den nächste Wochen an déi decisiv Phase. Als éischt gëtt de Coupegewënner gesicht an dono de Champion. De nächste Weekend ass awer mol bei den Hären den 1ten Spilldag am Playoff. Bei den Dammen steet de Roude Léiw Bascharage nom 19ten Spilldag nach ëmmer op enger Ofstigsplaz vun der 3ter däitscher Liga mä et gouf awer endlech nees eng Victoire. De Serge Olmo a Gilles Tricca mat Präzisiounen..