Er kam (zu spät), sah (den Zorn) und reagierte: Den David huet dës Episod vun A bis Q geplangt well e sech soss ëmmer bei der Preparatioun vun eisem Weltklasse-Podcast foutéiert huet. Vum coole Gaascht, der Tätowéierin Sandra Biewers bis hin zu der Decisioun dass hie sech "LIVE" wärend der Opnahm tätowéiere gelooss huet, huet den David alles gecheckt.
De Ben iwwerhëlt keng Verantwortung.
Mä wat solle mer soen? Mir hate Spaass a kurios bis interessant Diskussiounen. Et goung vu vereitelte Mordfäll um Jakobswee, iwwer ausgestoppten Déieren an den Nicolas Cage, bis hin zu engem Workshop wou een eng Woch laang net dierf schwätzen, kee Mucks!
Hätte mir dee Workshop nëmmen och besicht...