An Zäite vun dréchenem Houscht, Ausnamezoustand an enger Zombie-Apokalypse ouni Zombien ginn den David an de Ben hirer nationaler Verantwortung gerecht a versuergen iech mat hirem weltbeschte Podcast, ouni Gaascht, dofir awer mat duebelem Hype.
Lauschtert...euh...liest lo mol gutt no: Mir hu fir iech an dëser 9. Episod d'Konschtstéck bal fäerdeg bruecht net iwwert "Corona" ze schwätzen, hunn eng Iddi fir mat anere Podcasts ze bonden an de radio 100,7 ze retten, ginn op Kuschelkurs mam Fernand Etgen an den David schreift lo un engem Héierspill.
Opgepasst, mir hunn och eng nei Rubrik!
Wann dir absoluuut allergesch op Filmspoiler sitt dierft dir dëse Podcast NET tëscht 26:22 an 33:00 lauschteren.
#spoilerman