Voix d'auteurs

Adelaïde Bon


Listen Later

Viru sechs Joer war d’Adelaïde Bon schonn zu Gaascht an der Voix d’Auteurs vum Jean Portante, mat hirer net fiktiver Erzielung “La petite fille sur la banquise”, an där si erzielt, wéi si, an der Kandheet vergewaltegt gouf, a wéi schwéier et ass, dat a Wierder auszedrécken. Virun e puer Méint koum hiren éischte Roman eraus, “Puisque l’eau monte”. Hei si mir an der Fiktioun, mat enger jonker Fra, d’Sybille, déi, ronderëm eng Ofdreiwung, an en Zyklus vun Angoissë fält, déi an de Geheimnisser vun hirer Famill verankert sinn. D’Waasser, dat klëmmt, ass souwuel d’Metapher vun den Ängschten, déi si iwwerwältegen, wéi och vum Mouer vun hirer Vergaangenheet.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Voix d'auteursBy radio 100,7