BEE SECURE.lu op Radio ARA

An der Wollek spillen


Listen Later

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert Computerspiller. Deen een oder dat anert freet sech lo sécher, wat dat da mat sécherem Ëmgang mam Internet ze dinn huet. An et stëmmt: Nach laang net all Spill kann een online spillen. Mä ëmmer méi Spiller sinn net nëmmen online, mä och an der Cloud.
Sou ginn et Spiller, wou de Contenu just nach gestreamt gëtt. Et muss een selwer keng gutt Grafikkaart am Computer hunn, et brauch een just eng séier Internetverbindung. Dat ass allerdéngs nach zimlech rar. Online-Spiller späichere vill Donnéeën online, zum Beispill ären Usernumm an är Highscore. An da ginn et zanter e puer Joer vill Online-Shops, déi komplett an der Cloud funktionéieren. Ee bekanntent Beispill ass „Steam“ vun der Firma Valve.
Allerdéngs huet den Cloud Gaming-Modell och e puer Nodeeler fir eis als Konsumenten. Wann dir een Spill kaaft, gehéiert et dacks guer net iech, mä dir kaaft just eng Lizenz, fir et dierfen ze spillen. De Nodeel dobäi ass, datt een een alt Spill net méi ka verkafen, sou wéi dat mat enger CD oder DVD gaangen ass. Dir sidd och dovunner ofhängeg, datt den Cloud-Ubidder weiderhin existéiert an net op ee mol seng Dieren zou mécht. Et ginn awer och Shops, déi op d'Cloud an op Kopéierschutz verzichten, zum Beispill den humble bundle store oder gog.com.



Vill Cloud Gaming-Spiller probéieren duerch verschidden Extrae méi Suen ze maachen. Sou kann een sech zum Beispill Spill-Gold oder eng nei Rüstung fir säi Charakter mat richtege Sue kafen. Dat ka séier deier ginn: Sou hat e Papp net schlecht gestaunt, wéi säi Jong an engem Futtball-Spill 5000 Dollar ausginn hat, well hien sech zousätzlech Futtballspiller fir säin Team kaaft hat, ouni datt de Papp eppes dovunner wosst.
Et ass dowéinst wichteg, datt een ëmmer no engem Passwuert gefrot gëtt, iert een sou Extrae keeft. Sou kennen Eltre verhënneren, datt hir Kanner onerlaabt Suen an engem Spill ausginn. Dacks ass de Konto vum Online-Shop direkt mat dem Konto oder der Kreditkaart verbonnen. Dat ass zwar praktesch, mä biergt och enorm Risiken. Sou kéint een Hacker sech op är Käschte mat néie Spiller andecken. Dofir gëllt: den Konto fir den Online-Shop, zum Beispill Steam, muss een séchert Passwuert hunn. Wann et méiglech ass, benotzt 2-Facteuren-Login. Dobäi musst dir nieft ärem Code z.B. een PIN aginn, deen op enger App op ärem Handy ugewise gëtt.
Ween d'Risiken an d'Gefore vu Cloud Gaming kennt an sech deementspriechend verhält, kann dann och ouni schlecht Gewëssen an déi sëlleche Phantasiewelte vun de Computerspiller antauchen.
Weider Informatiounen zu dem Thema fannt dir am Clever Cloud Dossier op bee-secure.lu
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

BEE SECURE.lu op Radio ARABy BEE SECURE.lu op Radio ARA