Well Kanner net laang genuch an d’Schoul goungen, fir eng gutt Ausbildung ze kréien, ass am 19. Joerhonnert d’Erwuessebildung entstanen. Nieft der staatlech organiséierter Verbesserung vun der Beruffsqualifikatioun huet awer besonnesch d’Aarbechterbewegung sech fir Erwuessebildung agesat, nom Motto: “Wëssen ass Muecht”. Haut ass Lifelong Learning zu engem Must an der professioneller Carrière ginn.
Vum Volksbildungsveräin bis zum Lifelong Learning ass et eng laang Geschicht. De Ben Fayot huet se fir Lëtzebuerg opgeschriwwen. D'Renée Wagener schwätzt mam Historiker iwwert d’Entwécklung vun der Erwuessene-Bildung, an iwwert hire politeschen Enjeu am 19. an 20. Joerhonnert.