BEE SECURE.lu op Radio ARA

Backups


Listen Later

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut well ech mat iech iwwert een Thema schwätzen, datt ech schonn dacks erwähnt hunn, mä dat mir nach ni sou ganz erklärt haten: Backups. Dir waart vläit schonn an der Situatioun, datt dir un engem Dokument geschafft hutt, äre Computer een Problem hat an dir duerno gemierkt hutt: Är Aarbecht war net gespäichert. Dat ass iergerlech a frustrant. Nach méi iergerlech a frustrant ass et, wann all är Donnéeën op ee mol fort sinn. Dat geschitt méi liicht wéi een mengt: Et kann een de Laptop geklaut kréien, är Festplack ka futti goen, et ka brennen, dir kënnt iech een Virus oder Trojaner afänken oder et ka soss een Ongléck passéieren. Heiansdo soll et och scho vir komm sinn, datt Leit onopmierksam waren an selwer wichteg Donnéeë geläscht hunn. Ween schonn eng Kéier an der Situatioun war, weess, datt een dann dacks denkt: Hätt ech nëmmen een Backup gemaach! Dacks mierkt een nach Méint drop, datt een een Deel vu sengem Liewe verluer huet, well wichteg Erënnerunge wéi z.B. Fotoen einfach fort sinn.
Wat heescht Backup iwwerhaapt? Ee Backup ass eng Kopie vu mengen Donnéeën, déi op enger sécherer Platz ass. Dat kann eng extern Festplack, een USB-Stick oder eng Plaz an der Cloud sinn. Wichteg ass et, datt de Backup ëmmer physesch vum eegene Computer getrennt ass. Sou kann zum Beispill net een Kyptotrojaner och de Backup verschlësselen.



Et gi verschidden Zorte vu Backups: et kann een säi ganze Computer souzesoen „clonen“. Dat nennt een dann „Image“, also Bild. Mat dem Image ass et méiglech, de Computer erëm op den Zoustand, an dem d'Image gemaach ginn ass, zeréckzesetzen. Dat ass zum Beispill dann nëtzlech, wann een sech e schwéiere Virus agefaangen huet, wou déi eenzeg Léisung eng komplett Néiinstallatioun ass. Een Image huet de Nodeel, datt et relativ grouss ass an dat een an deene meeschte Fäll net nodréiglech eenzel Dateien ersetze kann. Et lount sech also, bei engem neie Computer een Image ze maachen, wann een en fäerdeg ageriicht huet an dëse Virgang z.B. all Joer ze widderhuelen.
Eng aner Zort vu Backup ass „just“ d'Späichere vun Donnéeën. Dobäi ginn et Programmer, déi vun ausgewielten Dossieren automatesch a reegelméissegen Ofstänn Backups maachen. Sou muss een sech just eng Kéier iwwerleeë, vu wat fir Dossieren een een Backup brauch. Dat huet de Virdeel, datt dëst am Reegelfall net sou vill Platz verbraucht an een no engem éischte grousse Backup just nach déi nei oder geännert Donnéeë kopéiere muss. De regelméissege Backup brauch also net sou vill Zäit.
Et kann een Backups zwar manuell maachen, mä et ginn eng ganz Rëtsch Programmer, déi iech dobäi hëllefe kënnen. Weider Informatiounen zum Thema fannt dir op bee-secure.lu an op secin.lu
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

BEE SECURE.lu op Radio ARABy BEE SECURE.lu op Radio ARA