Och dëse Summer, deen duerch de Coronavirus anescht wéi soss war, hu vill Leit et doheem net méi ausgehalen a sinn e puer Deeg oder Wochen an d’Vakanz gefuer. Tourismus an Nohaltegkeet sinn zwee Begrëffer déi dacks net beienee passen. An dëser Folleg vun: „Eko? Ass dach logesch“ schwätzt d’Julie Mathes iwwert déi positiv an negativ Effekter vun der Tourismusindustrie a probéiert z‘erklären wat et heescht ëmweltfrëndlech ze reesen.