1967 ass den Auteur vum Buch vun dëser Woch zu Wien op d’Welt komm. De Marc Elsberg lieft och haut an dëser Stad. Hie war Strategie- a Kreativberoder fir Publicitéit an huet fir déi éisträichesch Zäitung „Der Standard“ geschriwwen. International bekannt ginn, ass hien duerch seng Bicher Blackout, Zero, Helix a Gier. Säin aktuellt Wierk ass e Politthriller: der Fall des Präsidenten. D’Sandra Mélan huet genee dëst Buch gelies.