D'Erwaardunge fir eist Buch vun dëser Woch si grouss: De Barack Obama huet et scho gelies. Et ass fir divers Präisser nominéiert ginn a gouf ënner anerem vun der New York Times zu engem vun de beschte Bicher 2020 ernannt. "Haie in Zeiten von Erlösern" ass den Debütroman vun engem Hawaiieneschen Auteur, dem Kawai Strong Washburn. An hëlt de Lieser mat op déi Hawaiianesch Insel a seng Natur, seng Legenden a seng Probleemer.