D’Lucy Foley huet e Master a moderner Literatur. 2015 ass hiren éischte Roman op de Marché komm. Si schreift net nëmme Romaner, mee och Libesgeschichten an elo ass hiren éischte Thriller erauskomm. D’Iddi fir “Neuschnee” ass hir komm, wéi si mat hirem Mann an den Highlands a Schottland an der Vakanz war. Déi ganz ofgeleeë Plaz huet si richteg gefesselt. Ob de Thriller “Neuschnee” d’Sandra Mélan och gepaakt huet, verréit hatt eis lo.