Chandler Baker heescht d’Newcomer-Autorin aus den USA, déi et mat hirem éischte Roman ‘Whisper Network’ direkt mol op d'New York Times Bestsellerlëscht gepackt huet. Den original Roman ass viru genee engem Joer an den USA erauskomm a gouf vu Lieser a Kritiker gefeiert. D’Julie Mathes huet den Thriller gelies.