Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

By Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan VogelSociety & CultureSportsLeisureSoccerHobbies
Download on the App Store

Buvette - De Fussballpodcast episodes

  • Episod 218 - D'Léiwen
    No laangen zwou Woche Lännermatchpaus si mir nees do an et gëtt genuch ze beschwätzen. Wat hunn d’Rout Léiwen eis gewisen? Wéi huet d'U21 gespillt? Wat war déi läscht Wochen an der Éierepromotioun an an deenen ënneschte Lige lass? Alles dat nach villes méi an dëser Episod Buvette mam Titel "D'Léiwen".
    30 min
  • Episod 217 - Schwaarze Weekend fir Vogels
    E schwaarze Weekend fir de Ben an den Dylan. Rouspert verléiert 5:0, Menster 4:0 a Kaiserslautern 3:0... Wat soll een do nach alles erzielen. Mir hunn trotzdeem gekuckt wat soss nach sou am Land lass war a schwätzen iwwer de Spëtzematch Mondorf vs Stroossen, de Start an der 3. Divisioun a vill Goler n der Éierepromotioun.
    25 min
  • Episod 216 - D'Ballfëscher vum Camping
    Fussballeresch ass dëse Weekend net vill geschitt mee ronderëm gëtt et genuch ze beschwätzen. Wee sinn d'Ballfëscher vum Camping, ween ass "das erstklassige Heilbad" a wat gëtt et bei der Tricolore op der Internetsäit ze gesinn? Alles dat a nach vill méi onwichteg Saachen an dëser Episod Buvette 216 - D'Ballfëscher vum Camping.
    28 min
  • Episod 215 - Rout Kaarten iwwer rout Kaarten
    Mir schwätzen erëm iwwer d'BGL Ligue a kucke wat bei den eenzelne Matcher lass war. Rouspert spillt ee gudde Match géint de Racing, Hesper verléiert leider erëm däitlech, Hueschtert huet de Golkipper vum Spilldag, Walfer huet den Toppscorer an da goufen et genuch rout Kaarte bei bal all Matcher. Da schwätze mir nach iwwer nei Transferten am Land a bewäerten de neien Trikot vun der FLF.
    36 min
  • Episod 214 - Dem Herbi säi klenge Brudder
    4. Spilldag an der BGL Ligue, 2. Spilldag an der Éierepromotioun,1. Spilldag an der 1.Divisioun an elo gëtt et masseg ze beschwätzen. Rouspert hellt déi éischt Punkten an der Saison, Ettelbréck gëtt vum Trainer als Ofsteiger betitelt a Stroossen huet nach kee Géigegol kasséiert. Zu Beggen gëtt et een Influencer am Gol, masseg rout Kaarten an der Éierepromotioun an eng gutt Stëmmung zu Menster. All dat a nach vill méi an dëser Episod Buvette 214 - Dem Herbi säi klenge Brudder.
    36 min
  • Episod 213 - Stade Brian Madjo
    3. Spilldag an der Nationaldivisioun a Rouspert steet mat zwou aneren Ekippe mat 0 Punkten am Keller. De Ben erzielt e bëssi iwwert déi aktuell Lag, mir beschwätzen de neien Terrain zu Hueschtert a wat zu Käerjeng lass war. Dann ass och d'Éierepromotioun lass gaangen an där den Toni Luisi ee wansinneg schéine Gol geschoss huet. Och déi éischt Divisioune ginn an dëser Episod beschwat, an där Menster direkt mam Ostkracher géint Gréiwemaacher start an et gëtt ee Grond firwat de Racing iergendwann de Stadionnumm ännere muss. Alles dat a nach vill méi an der Episod 213 mam Numm Stade Brian Madjo.
    35 min
  • Episod 212 -  Do si mir erëm
    No enger laanger an erhuelsamer Summerpaus si mir erëm fir dech do. Mir kucken direkt op déi zwee éischt Matcher vu Rouspert, äusseren eis Wënsch fir d’Saisona kucke wou et e puer Baustelle ginn. Vu kommender Woch u geet et dann nees mam ale gewinnte Programm virun: Nationaldivisioun, Éierepromotioun an sou weider.
    32 min
  • Episod 211 - Coupe Final
    Wat een Dag! Ee vun deene Gréissten! De Ben huet an der Coupe Final gespillt an sou munches erlieft. Den Dylan huet den Dag a vollen Zich genoss a genee doriwwer schwätzen déi zwee an der neitster Episod vu Buvette: Fanmarsch, Busrees, Match, Béierdusch, Stëmmung an nach villes méi. Dëst ass dann och déi lescht Episod fir dës Futtballsaison am August geet et dann nees weider. Vill Spaass mat der Episod: Coupe Final!
    36 min
  • Episod 210 - Wansinn
    An dëser Episod geet et nëmmen ëm déi wichteg Saachen: Rouspert, Rouspert, Rouspert a nach e puer aner Detailer. Wéi huet de Ben déi lescht Woch erlieft, wat ass et fir e Gefill a wat erwaart eis? Natierlech kucke ma dann awer och nach op de leschte Spilldag vun der BGL Ligue, der Éierepromotioun an deenen ënneschten Divisiounen. Ganz vill Detailer an dëser Episod vu Buvette.
    31 min
  • Episod 209 - Deen Ochs huet keng Hand fräi
    De Ben an den Dylan kucken dës Kéier net nëmmen op de Fussball am Seniorsberäich, mee och op den Zuschauermagnéit schlecht hin: d’Coupe du Prince. Méi wéi 2.500 Spectateure bei de Junioren an nëmmen 800 am Spëtzematch vun der BGL Ligue, wouru läit et? Des Weidere kucken d'Jongen awer nach op den Op- an Ofstigskrimi an den eenzelnen Ligen an drécken all den Ekippen d’Daumen.
    25 min

About Buvette - De Fussballpodcast

From the publisher's feed

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen…

More shows like Buvette - De Fussballpodcast

Einfach mal Luppen by Toni Kroos, Felix Kroos & Studio Bummens

Einfach mal Luppen

70 Listeners

Drëtt Hallschent - De Sport-Talk by RTL Radio Lëtzebuerg

Drëtt Hallschent - De Sport-Talk

0 Listeners