Kann een an engems Tëlee kucken an chatten oder surfen? Natierlech, vill vun eis maachen et all Dag. Mä wat kréie mer nach mat, wa mer e puer Medie gläichzäiteg kucken?
Chatten oder surfen, während d'Tëlee leeft, dat ass net nëmme fir Jonker eng alldeeglech Praxis.
Multiscreening: e Fall fir d'Mediefuerschung. D'Renée Wagener schwätzt mat der Kommunikatiounswëssenschaftlerin Anouk Siebenaler iwwert d'Gewunnecht vum Multiscreening an hir Konsequenzen.