D'Zwangsrekrutierung am Zweete Weltkrich an den Erënnerungskulturen vu Lëtzebuerg, der Ostbelsch an dem Elsass vun 1944 bis 2015, dat wor der Historikerin Eva Klos hiert Doktorats-Thema. Dobäi goung et net nëmmen ëm de Verglach vun der Aart a Weis, wéi sech an deenen dräi Gebidder Veräiner gebild hunn, déi fir eng Unerkennung vun den Zwangsrekrutéierten als Opfergrupp a fir eng adequat Entschiedegung gekämpft hunn, mee och ëm dat individuellt Erënnere vun den Zäitzeien.