A genee dat ass den Ament den Trend: Vakanz um eegene Schëff respektiv enger Yacht ze maachen. A well esou e Boot e Verméige kascht bitt eng Lëtzebuerger Startup-Entreprise genee dëse Service un a verlount Luxusyachten. Een deen sech em Sue keng Gedanke maache muss ass den däitsche Selfmade-Millionär Robert Geiss. Firwat navigéiert hien seng Yacht ënnert dem Lëtzebuerger Fändel.