BEE SECURE.lu op Radio ARA

De neie Smartphone sécher maachen


Listen Later

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut wëll ech mat iech iwwert äre néie Smartphone schwätzen. Wahrscheinlech louch esou een Apparat bei net wéinege vun iech ënnert dem Beemchen. Och wann dir ären Handy scho bësse méi laang hutt, sou stellt sech dann ëmmer d'Fro, wéi sécher déi Donnéeë sinn, déi op ärem Gerät gespäichert sinn. Dofir maache mir haut den Sécherheetscheck fir Android-Smartphones. Déi meescht Tipps gëllen awer och fir d'Geräter vun Apple.
Och wann den Smartphone nach ganz nei ass, an e puer Woche wäert en voll mat Fotoen, Kontakter, Notizen, Videoen an aneren Donnéeë sinn. Dat ass kee Feeler. Et geet just dorëms, dës Donnéeë gutt virdrun ze schützen, an déi falsch Hänn ze gelaangen.
Den éischte wichtege Punkt ass den Zougrëff op ären Handy. Eng éischt Mesure ass den SIM Lock. Dee verhënnert, datt ären Handy sech ouni de PIN an d'Netz era wielt. Dacks ass de SIM Lock schonns agestallt – wann net, sollt dir en op alle Fall aktivéieren. Déi zweet Mesure ass de Screen Lock, deen den Zougrëff op ären Handy sperrt. Hei ginn et verschidde Méiglechkeeten, déi ënnerschiddlech sécher sinn. Den Handy mam Fangerofdrock oder dem eegene Gesiicht ze entspären ass eng flott technesch Spilleréi, mä richteg sécher sinn just een PIN oder een Passwuert. Et gëtt och d'Méiglechkeet, eng Zäit anzestellen, no där den Handy sech automatesch spärt, wann en net benotzt gëtt. Och dës Funktioun sollt dir benotzen.





Den zweete wichtege Punkt ass d'Verschlësselung vun ärem Smartphone. Iert dir den Handy verschlësselt, sollt en opgeluede sinn an um Stroum hänken. D'Verschlësselung kann e puer Stonnen daueren. Dat sollt Iech awer net dovunner ofschrécken, dëse wichtege Schratt ze maachen.
Als drëtte Punkt sollt een d'WLAN-, Bluetooth- an GPS-Funktiounen ofschalten. Et geet duer, dës Funktiounen dann anzeschalten, wann een se braucht. Dat spuer net nëmmen Donnéeën, mä och Akku.
De véierte wichtege Punkt sinn Software-Updates. Am beschten ass et, Updates automatesch ze installéieren. Sou kënnen sech keng Sécherheetslücken onbemierkt opmaachen. Och Updates fir den Betriebssystem sollt een ëmmer sou séier wéi méiglech installéieren.
Wéider Informatiounen zu dësem Thema fannt dir op bee-secure.lu – an den alen Episoden vun eisem Podcast fannt dir och Tipps fir Apps, mat deenen een sécher kommunizéiere kann.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

BEE SECURE.lu op Radio ARABy BEE SECURE.lu op Radio ARA