Zäithistoriker

De Paradox vun der franséischer Militärinterventioun 1919


Listen Later

President vun der franséischer Regierung, am Januar 1919, war de Georges Clemenceau, de "Père la Victoire", en iwwerzeegte Republikaner a Virkämpfer fir Trennung vu Kierch a Staat a Frankräich. Wisou Truppe vun der République française an den Deeg vum 9. op den 12. Januar 1919 géint déi republikanesch-revolutionär Beweegung zu Lëtzebuerg virgaange sinn - an domat den Troun vun der Dynastie Nassau-Braganza gerett hunn -  ass dat net eng Fro, déi e geschichtleche Paradox opwerft? Eng Fro, déi et derwäert ass, aus dem doudege Wénkel vun der Lëtzebuerger Geschichtsschreiwung erausgeholl ze ginn, mengt den Zäithistoriker Jacques Maas.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

ZäithistorikerBy radio 100,7