Share De Podcast vun der UGDA Museksschoul
Share to email
Share to Facebook
Share to X
By École de musique de l'UGDA
The podcast currently has 16 episodes available.
Informatiounen:
Participants :
Flütten : Léonie Bayer, Amalia Huss, Emma Koob Clarinettes : Noah Colas, Laura Gush, Ilvana Omerovic, Linda Rock, Sophie Schaefer Wagner, Eve Van Der Schilden, Julia Ventura, Jeff Kugener-Francois, Amy Salmon
Saxophone : Amy Birgen, Mattia Depalma, Sofija Du, Max Fourny, Georges Kugener, Carl Opitz, Dominik Rock
Trompetten : Lynn Reisch, Clara Weier, Maelon Gush, Sarah Muller, Denis Heneaux
Cor : Lex Reuter Trombone : Luca Birgen, Ben Reuter, Paul Lietz
Piano : Louis Daman, Anatole Bouillot
Percussion : Yann Lietz, Marcus Tantar, Yannis Depalma, Lou Sergonne
De Paul Scholer schléisst ons Serie of iwwert d'Instrumenter. Als Direkter erzielt ons e bëssen iwwert "seng" Museksschoul an mir léieren de Paul Scholer awer och privat kennen.
Den André Mergenthaler verreit ons wéi hien op den Cello komm ass, wéi et ass vir de Grand-Duc ze spillen, op hien nach ëmmer nervös virum Concert ass mécht an op et Cellis oder Cellos an der Mehrzahl heescht!
Onse Podcast iwwert Gittar. De Jean-Jacques erzielt ons vun sengen Bands. Vun sengen Studien a wéi hien bei der Gittar gelant ass. Och iwwert Manikür vun den Neel bei engem Gittarist ginn mir méi gewuer.
Haut am Podcast geet et em Instrument Piano. Präsentéiert geet d'Instrument vum Pianist Jean Muller. De Jean Muller war scho op bal all Kontinent vir e Concert ze spillen, huet och vill Schach gespillt an haut awer och gären Lotti Karotti.
De Serge erzielt vun sengem Instrument: Seng Stemm! Wéi huet en rausfonnt dat hien wéilt Sänger ginn? Wéi trainéiert hien seng Stemm a wat mécht hien bei der Philharmonie als Senior Manager Artistic Planning Systems? All dat verréit hien ons an onsem 10. Podcast!
De Laurent Warnier erzielt ons am 9. Podcast iwwert seng Leidenschaft vir Perkussioun a besonnesch de Vibraphon. Hien verréit och vir wéi eng zwee Futtballclibb säin Häerz schléit an wat en soll zu Amsterdam kucken goen.
Am "Flou am Ouer" hunn mir haut den Jean-Paul Hansen. Säin Instrument ass den Hautbois. Ons erzielt hien och nach wat Krautfleckerl an "al Musek" ass an wéi circulaire Ootmung funktionéiert.
Säit 1945 ass de Robert Weyland an der Musek zu Äischen. De fréieren Militärmuseker, Professer am Conservatoire zu Esch, UGDA-Präsident an haitegen UGDA-Éierepresident erzielt ons vun sengem Instrument der Trombonn, vun sengem fréieren Schüler dem Paul Scholer a vu sengen aneren Hobbyen.
Nadine Kauffmann stellt säin Instrument vir: de Saxophon. Hat erzielt ons wat e Saxophon an e Schwan gemeinsam hunn an wéi dat gaangen ass dat hat Saxofon geléiert huet. Ausserdeem schwätz hat iwwert säin Kannerprojet "Maus Kätti".
The podcast currently has 16 episodes available.