Am Januar 1942, viru genee 80 Joer, huet eng nei Phas vum Krich ugefaangen. Déi däitsch Nidderlag viru Moskau an d'Entrée vun den USA an de Krich, just e puer Méint nom Echec vun der Personenstandsaufnahme, hunn am besate Lëtzebuerg zu enger Verschlechterung vun der Attitüd géintiwwer dem NS-Regimm bäigedroen. D'Phas vun der Kollaboratioun war eriwwer, déi vun der Zweedeitegkeet huet ugefaangen. Eng Chronik vum Vincent Artuso