Vill Kolleege vum Grateful-Dead-Frontmann Jerry Garcia koumen am Mee 2015 am US-Bundesstat Maryland fir e sougenannten Tribute-Concert zesummen, fir un hiren 1995 verstuerwene Frontmann ze erënneren.
D’Initiativ goung aus vun de fréiere Grateful-Dead-Museker Mickey Hart, Phil Lesh, Bill Kreutzmann a Bobby Weir. Ënner de villen Invitéë waren ë. a. de Reggae-Museker Jimmy Cliff, de Peter Frampton, Los Lobos oder och de fréieren Jefferson Airplane-Gittarist Jorma Kaukonen.
Zwou an eng hallef Stonn gouf un de Garcia erënnert, mat 20 Tracken, déi seng Handschrëft matdroen an déi 2016 um exzellenten Duebelalbum “Dear Jerry: Celebrating The Music Of Jerry Garcia“ veréiwegt goufen.
Playlist:
1. Bob Weir/Mickey Hart/Bill Kreutzmann - Touch Of Grey (live) (Dear Jerry, 2016)
2. Screaming Trees - Dying Days (Dust, 1996)
3. Nick Cave - Nature Boy (Abattoir Blues, 2004)
4. Gov’t Mule - Banks Of The Deep End (live) (The Deepest End, Live In Concert, 2003)
5. Phish - Birds Of A Feather (The Story Of The Ghost, 1998)
6. Jorma Kaukonen - Sugaree (live) (Dear Jerry, 2016)
7. Jimmy Cliff/Bob Weir/Mickey Hart/Bill Kreutzmann - Fire On The Mountain (live) (Dear Jerry, 2016)
8. It’s A Beautiful Day - White Bird (It’s A Beautiful Day, 1969)
9. Quicksilver Messenger Service - The Truth (Quicksilver, 1971)
10. Santana - Jingo (live) (Woodstock, Music From The OST And More, 1970)