D'Anne-Marie Hanff ass Infirmière, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg a Presidentin vun der Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren ANIL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert säi Parcours: Vun der Infirmièresschoul, wou d'Äntwert op all Fro "dat maache mer hei esou" war, iwwer eng Zäit an der Schwäiz, déi alles verännert huet, bis bei en Doktorat, deen hatt aus Protest gemaach huet.
D'Anne-Marie erzielt, firwat hatt zu engem Moment alles wollt zréckloossen a Kächin oder Theater studéiere goen, firwat hatt sech bei der ANIL mat engem kompletten CV als Benevole gemellt huet – a firwat eng Infirmière net automatesch eng gutt Mod ass. Mir schwätzen iwwer Generatiounskonflikter am Fleegeberuff, iwwer falsche Respekt vis-à-vis vu Medezinner*innen, a wéi säin aachtjäregt Meedchen him gehollef huet, eng besser Work-Life-Balance ze fannen.