Den éischte Streik wäerend der däitscher Besatzung am 2. Weltkrich huet schon am Hierscht 1940 stattfonnt. D'Aarbechter hu géint d'Ugläichung vun de Léin a vun de Präiser zu Lëtzebuerg un deenen an Däitschland protestéiert. Déi Moossnam war supposéiert hir Kafkraaft ze verbesseren, mee huet genau de Géidendeel bewierkt. Den Zouwuess vum Enthusiasmus fir de Nazi-Regimm, deen an de Woche virdrun zu Lëtzebuerg reell war, gouf op eemol gestoppt.