D'Gromper als Iesswuer, Exportschlager an Zännseef...
Se ass eent vun eise wichtegste Liewensmëttel! D’Gold aus dem Buedem! Am Pisa haut wéi di éischt Gromperen ausgesinn hunn an op d’Kéngen gëfteg sinn. Mir gesi wéi s’an der Wüst Tonne Grompere produzéieren obwuel et hei ni reent. Froen no firwat Grompere-Chips eis süchteg maachen. An de Mister Science test op ee wierklech ëmmer muss eng ganz Gromper planzen.