D'Geschichtserzielung huet laang op Kontinuitéit an Eenheet vun der Lëtzebuerger Natioun insistéiert. Den Henri Wehenkel ass awer ee vun deenen Historiker, déi sech fir vergiesse Potenzialitéiten, Genealogien an Evenementer interesséieren.
A sengem leschte Buch analyséiert hien d'Geschicht vun der gescheiterter Lëtzebuerger Republik vu 1919. Dobäi erwäänt hien och eng Episod, déi komplett vergiess gi war: d'Escher Hongerrevolt vum 26. November 1918.