A villen amerikanesche Stied ginn et eege kleng Quartieren, déi vun enger Natioun vun Immigranten bewunnt ginn, sou wéi zum Beispill "Chinatown" zu New York. Ma och vill Europäer, dorënner Italiener, déi virum zweete Weltkrich geflücht sinn, hu sech an Amerika en neit Liewen opgebaut. Sou wéi d'Famill vun der Stella Fortuna. Si ass d'Protagonistin vun der amerikanescher Schrëftstellerin mat italieneschen Originne, dem Juliet Grames, hirem éischten Roman "Die sieben oder acht Leben der Stella Fortuna".