Déi alternativ Beweegung aus den 1970er-Joren, déi sech an der Grënnung vun de Gréngen an de Lénken niddergeschloen huet, war e Kand vun 1968. Um Ursprong stoung d'Afrostellung souwuel vum kapitalistesche System wéi vum Reale Sozialismus. Dat kuerzt Prager Fréijoer, eng Reformbeweegung, där Enn August 1968 duerch e militäreschen Amarsch en Enn gesat gouf, huet dës Quête nach verstäerkt, mengt d'Zäithistorikerin Renée Wagener.