Zwangsaarbecht gouf et am Krich net nëmmen an Däitschland. Och zu Lëtzebuerg koume Leit aus Osteuropa an den Asaz. D'"Ostarbeiter" oder besser "Ostarbeiterinnen" - et ware meeschtens Fraen - goufe forcéiert an der Lëtzebuerger Stolindustrie ze schaffen. De Ricardo Baptista Barra huet dës wéineg bekannten Episod opgeschafft. D'Renée Wagener huet sech mat him iwwert seng Recherche ënnerhalen.