Moien, hei ass de Joël vu BeeSecure. Lo huet d'Vakanz bal fir jiddereen ugefaangen. Dat ass virun allem eng Zäit, fir de Summer ze genéissen, vläit och fir aner Länner an Stied kennenzeléiren. Mä dobäi sollte mir eis Sécherheet net vergiessen, an esou sollt een sech fir d'Vakanz mat engem Smartphone speziell preparéieren.
Als éischt Mesure sollt dir iech iwwerleeën, ob dir äre Smartphone iwwerhaapt musst mat an d'Vakanz huelen. Eventuell geet jo och nach méi een alen Handy, dee soss an engem Tirang verstëbst, duer. Wann dir entscheed hutt, datt dir een Smartphone mat an d'Vakanz huele wëllt, dann ass et am beschten, e puer Precautiounen ze huelen:
Als éischt sollt dir iech déi sougenannt IMEI-Nummer notéieren: mat der Nummer kann ären Smartphone genee identifizéiert ginn. Dir kommt un déi Nummer, wann dir Stär-Raut-06-Raut agitt oder op der Verpackung vun ärem Telefon kuckt. Als zweet ass et wichteg, eng Bildschirmsperr anzeriichten an déi mat engem PIN oder engem Passwuert ze sécheren. Déi beléift Musteren, mat deenen den Handy gesperrt ka ginn, sinn zwar besser wéi näischt, mä dacks sinn se einfach duerch Spueren um Bildschirm ze erkennen.
(CC-BY-2.0 by David Hall via flickr.com)
Weider Sécherheet bidde sougenannt Anti-Theft-Apps. Mat deene kënnt dir äre Smartphone vun engem Computer aus sperren, läschen an localiséieren. Den iPhone kann dëst mam Apple-Service iCloud vun Haus aus, bei Android musst dir iech eng speziell App dofir installéieren. Google bidd zum Beispill den „Android Device Manager“ un, mat dem dir den Handy am Noutfall lokaliséiere kënnt. Esou fannt dir zum Beispill och eraus, ob äre Smartphone just verluer oder wierklech geklaut ginn ass.
Sollt dir ären Handy geklaut kritt hunn an dir hutt en lokaliséiert, ass et awer wichteg, net den Held ze spillen, mä dës Informatioun vun d'Police wéiderzeleeden. Op eege Fauscht Detektiv spillen ass enorm geféierlech.
Den éischte Schrett, deen dir maache sollt, wann dir äre Smartphone geklaut krut, ass är Passwierder ze wiesselen. An dat op all deene Servicer, déi mat ärem Smartphone verbonne sinn, also virop Google oder iCloud, Facebook, Instagram, an esou weider. Bei verschidde Servicer kënnt dir och kucken, mat wat fir engen Apparater dir ageloggt sidd an och eenzel Apparater manuell ausloggen. Bei Facebook geet dat zum Beispill bei den Sécherheetsanstellungen.
Dee wichtegsten Tipp ass awer, op säi Smartphone opzepassen: Et ass een Wertgéigestand an esou sollt dir et och behandelen.
Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt dir wéi ëmmer op bee-secure.lu