Zanter e Méindeg huet d'Vereenegt Kinnekräich en neit Immigratiounsgesetz. Mee genee dat gëtt schaarf kritiséiert - schonn eleng d'Debatten an den zwou Chambere vum Parlament ware ganz intensiv. An och d'UNO huet sech ageschalt a schwätzt vun engem Gesetz, dat dem internationale Recht géif widderspriechen. Eis Korrespondentin Elodie Goulesque huet Reaktiounen agefaangen.