Moien, hei ass de Joël vu BeeSecure. Dës Woch geet fir déi meescht Leit d'Schoul erëm un. Dofir kucke mir haut nach eng Kéier op d'Vakanz zeréck. Ween eng Rees hannert sech huet, huet dobäi wahrscheinlech och Fotoe gemaach. Erëm doheem ukomm ass dann och de richtege Moment, fir sech Gedanken doriwwer ze maachen, wat een elo mat deene mécht an wéi een verhënnert, datt d'Vakanzenerënnerungen verschwannen oder an déi falsch Hänn geroden.
Als éischt ass et eng gutt Idee, een Backup vun deene Fotoen, déi een onbedéngt hale wëll, ze maachen. Dir späichert also d'Fotoen zousätzlech op engem USB-Stick oder enger externer Festplack. Iert een dat mécht, sollt een allerdéngs d'Fotoe sortéieren: Verschidde Biller sinn vläicht verwackelt oder doubel, déi kann een läschen. Sou kënnt dir sécher sinn, datt är Fotoen net ganz fort sinn, sollt äre Computer oder ären Handy futti goen oder geklaut ginn
Mä och eng extern Festplack kann erof falen oder een USB-Stick verluer goen. Dofir maache vill Leit een online-Backup. Dofir ginn et verschidde Servicer, déi och deelweis ganz ënnerschiddlech Zilsetzungen hunn. Deene meeschte wäerten d'Nimm Dropbox, OneCloud an iCloud een Begrëff sinn: Dat sinn sougenannt Cloud-Servicer, wou een vereinfacht ausgedréckt Donnéeën op Serveren am Internet späichere kann. Déi bidden och Apps un, mat deenen een automatesch een Backup vu senge Fotoe vum Handy maache kann. Hei gëllt et allerdéngs opzepassen, well mat engem Cloud-Service ëmmer e Sécherheetsrisiko verbonnen ass, och wann een am Prinzip just selwer un seng Donnéeën erukënnt.
Eng aner Méiglechkeet ass et, seng Fotoen op engem Foto-Site wéi flickr.com oder ipernity eropzelueden. Déi Méiglechkeet bidd sech virun allem dann un, wann dir är Fotoe mat Frënn, Famill oder der ganzer Welt deele wëllt. Sensibel Fotoe sollt dir hei also net eroplueden – besonnesch bei Fotoe vun anere Leit musst dir déi froen, op dir d'Fotoe mat hinnen online stellen däerft. Flickr bidd 1 Terabyte u Späicher fir Fotoen, wat enorm vill ass an et méiglech mécht, seng Fotoe mat dem Service ze backupen. Iert dir d'Fotoen enzwousch eroplued – egal op wat fir een Service – sollt dir iech Gedanken iwwert d'Metadonnéeën maachen. An all Bilddatei gi sougenannt EXIF-Donnéeën gespäichert. Do steet zum Beispill dran, wat fir eng Kamera benotzt ginn ass, de geneeën Datum an d'Auerzäit vun der Opnahm an deelwéis och d'Locatioun an Form vu GPS-Koordinaten. Wéi dir déi Informatioune läsche kënnt, fannt dir op bee-secure.lu erklärt.
Wann dir iech elo eng nei Festplack kaaft hutt, fir är Vakanzenfotoen an aner Erënnerungen ze sécheren an elo eng al hutt, hunn ech nach een Rendez-Vous fir iech: Aal Festplack sollt een net einfach wechwerfen, mä ëmmer d'Donnéeën dorobber zerstéieren. Ween méi doriwwer well gewuer ginn an seng al Festplack well zerstéiere loossen, kann dëse Samschen, 19. September, bei d'Firma Streff op de Wandhaff kommen. Do ass nämlech „Data Protection Day“, wou een net nëmme gratis seng al Festplacke schreddere ka loossen, mä och den Infostand vu BeeSecure besiche kann. Kommt also laanscht luussen!