Virun enger Woch huet et sech nach wéi Hierscht ugefillt, dovun ass elo näischt méi ze spieren. Déi ugekënnegt héichsummerlech Loftmassen hu Lëtzebuerg an Tëschenzäit erreecht. De Weekend iwwer kënnt awer Fiichtegkeet dobäi, wouduerch och en Donnerwiederrisiko besteet.