BEE SECURE.lu op Radio ARA

Eng Woch am Zeechen vum Hacken


Listen Later

Zanter dem Samschden 15. Oktober an nach bis den Sonnden 23. Oktober leeft déi europäesch „Code Week“. D‘Iddi vun der Code Week ass et, d‘Programméieren an d‘Sich no kreativen technesche Léisungen – also hacking – enger breeder Schicht vu Leit méi no ze bréngen. Aal a jonk sollen gewise kréien, wéi se hir Iddien mat Programméieren oder eben hacken ëmsetze kënnen. Dat éischt Zil ass et dofir och, Programméieren un sech ze de-msytifizéieren: Jiddereen kann Programméiere léieren. Dofir gëtt et op der Homepage vun der Code Week och eng ganz Rëtsch un Ressourcen. Do fënnt een net nëmmen web-baséiert Coding-Coursen fir all Niveauen, mä och Tools an Apps, déi sech besonnesch u Kanner riichten, fir een spillereschen Abléck an d‘Welt vum Hacking ze kréien.
2015 hunn sech 46 Länner aus Europa an doriwwer eraus bedeelegt, 570.000 Leit konnten bei iwwer 7600 Evenementer éischt Erfahrungen mat enger Programméiersprooch sammelen. Zu Lëtzebuerg ginn et awer zwou Initiativen, mat deenen all Woch „Code Week“ ass: Engersäits den Hackerspace Level2 zu Bouneweg, wou jiddereen eege Projeten starte kann an dobäi Ënnerstëtzung ka kréien. All Méindes gëtt et zum Beispill een oppent Treffen, wou een aner Memberen vum Hackerspace kann kenneléieren. An anersäits den Projet BEE CREATIVE, deen an 6 Lycéeën uechter d‘Land sougenannt „Makerspaces“ ageriicht huet, an deenen d‘Schüler de kreativen Ëmgang mat Technik léiere kënnen. An engem Makerspace schafft een net nëmmen mat Programmcode um Computer, mä et bastelt een och an benotzt Geräter wéi 3D-Drocker, fir seng Iddien an d‘Realitéit ëmzesetzen.

Domadder ass et awer nach net gedoen. Vum 18. bis den 20. Oktober leeft nämlech nach een Evenement zu Lëtzebuerg, deen mat hacking ze dinn huet. Dat ass d‘Sécherheetskonferenz hack.lu, déi dëst Joer schonn déi 12. Kéier organiséiert gëtt. Themen sinn Computersécherheet, Privatsphär an Informatiounstechnologie. Nieft den techneschen Themen ginn awer och déi kulturell an gesellschaftlech Implikatiounen vun neier Technologie diskutéiert. An jiddereen, deen sech mat hacking schonn auskennt, kann seng Fähegkeeten beim „Capture the flag“-Concours ënner Beweis stellen. Et gëllt, verschidden Aufgaben am Beräich Kryptographie, Websécherheet an Reverse Engineering ze léisen an dofir Punkten ze sammelen.
Egal, op dir op d‘hack.lu gitt, iech an engem Makerspace vun BEE CREATIVE un Bastelen maacht oder d‘Ressourcen vun der Code Week notzt, fir mat Programméieren unzefänken: Jiddereen kann den kreativen Ëmgang mat Technologien léieren an sou kann och jiddereen léieren, ze hacken.

Weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir op bee-secure.lu

Quellen:
Code Week: http://codeweek.eu/resources/
Level2 Hackerspace: https://level2.lu/
BEE CREATIVE: http://bee-creative.lu/
Hack.lu: https://2016.hack.lu/info/
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

BEE SECURE.lu op Radio ARABy BEE SECURE.lu op Radio ARA