De Serrig an den David bréngen de Fitnessstudio bei Iech heem. Donieft ënnerhale si sech iwwert hire Moien um Maart, Star Wars ass en Thema wéi och d’Disko, déi mam Alter zu Apdikt gëtt. A wann dir da nach net genuch sollt hunn, da lauschtert dem David senger Bluttspender-Panne no. Um Enn dierf dir dann och de Kleesche matsangen.