Den 12. September sinn zu Jonglënster 15 Stolpersténg geluecht ginn, véier fir Afferen vun der Shoah, 11 fir Zwangsrekrutéierter déi am Krich gefall sinn. Dat Evenement huet eng Polemik provozéiert déi d'Räss an der Lëtzebuerger Gedenkkultur erëm däitlech gemaach hunn. Den Organisateuren gëtt reprochéiert, dass se zwee Verbriechen op engem Niveau gesat hunn, déi an hirer Natur awer gronnverschidde sinn. D'Shoah ass e Genozid an d'Zwangsrekrutéierung e Krichsverbriechen.