Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Iert ech iech soen, ëm wat et haut am BEE SECURE geet, musst dir vir d‘éischt bestätegen, datt dir mat den Notzungsbedengungen vun dësem Podcast d‘Accord sidd.
Et gi Leit, déi soen, datt „Ech hunn d‘Notzungsbedengungen gelies a sinn anverstaanen domadder“ déi heefegst Ligen op der Welt ass. An et stëmmt: déi meescht vun eis liesen déi laang a komplizéiert Texter net, iert mir se bestätegen. Dat wier awer grad bei Servicer, déi sech an der Cloud ofspillen, néideg.
D‘Notzungsbedengungen ginn och dacks „End User Licence Agreement“, kuerz EULA genannt. Et handelt sech ëm een Kontrakt, dee ganz dacks net zum Virdeel vun eis Useren, mä vum Ubidder vun enger Dengschtleeschtung geschriwwen ass. Et ass kloer, datt déi mannste vun eis d‘Zäit, d‘Kapazitéiten an déi juristesch Fachkentnisser hunn, fir all EULA ze liesen an ze verstoen. Mir sollten trotzdem op e puer Saachen oppassen.
Stellt iech vir, dir géift eng Festplack kafen, ob där drop stéing, dir hätt keng Garantie, wann se futti géif goen an är Donnéeë fort wieren. An der Cloud ass dat dacks sou: de User ass selwer fir Backups verantwortlech an den Cloud-Ubidder ass net verflicht, Backups ze maachen. Wann een Service zou mécht, kann et sinn dat är Donnéeë vun engem Dag op den anere fort sinn.
Aner Servicer hunn an hirer EULA stoen, datt si är Donnéeën ouni är weider Zoustëmmung fir kommerziell oder ëffentlech Zwecker benotzen dierfen. Oder iech Reklamm opgrond vum Inhalt vun äre Fichiere weisen dierfen. Dacks kann d‘EULA och einfach geännert ginn, ouni datt iech grouss Bescheed gesot muss ginn.
Déi wichtegst Klauselen an enger EULA sinn: Wat kann den Ubidder mat mengen Informatioune maachen? Wéi laang gi meng Informatioune gespäichert an mat weem kennen se gedeelt ginn? Wat fir Servicer ginn ugebueden, wéi laang gëllen se an wat fir eng Garantien hunn ech?
Et gëtt awer keen alleng gelooss! E puer Organisatiounen huele regelméisseg d‘EULA vu bekannte Servicer auserneen an bewäerten se no der Sécherheet fir déi eege Privatsphär. Zum Beispill kann een um Site tosdr.org, wat fir „Terms of Service: didn‘t read“ steet nokucken, wat fir eng Servicer gutt an wat fir eng manner gutt mat der eegener Privatsphär ëmginn. Och déi US-amerikanesch Electronic Frontrier Foundation huet een Guide iwwert wichtegst Klausele gemaach.
Am Endeffekt entscheed ëmmer dir, op dir iech bei engem Service umellt oder net. An och, wat fir Donnéeën dir do späichert. Dofir ass et wichteg, sech virun Umelle mat de Konditioune vertraut ze maachen an duerno eng informéiert Entscheedung ze treffen.
Weider Informatiounen zum Thema EULA an Cloud fannt dir op bee-secure.lu
Wéider Links:
Terms of Service; didn't read
Electronic Frontier Foundation