Euranet Plus Podcast

Euranet Plus Podcast

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Euranet Plus Podcast episodes

  • Europa Muer: Beim Online Marketing musse mir eis virun eis selwer protegéieren?

    Dann nach de leschte Podcast “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus”, wou d’Consommatioun, d’Consommateuren an d’Rechter vun de Leit am Mëttelpunkt stinn.

    Experten a der ganzer EU diskutéieren iwwer déi hannerhälteg Manéier, wéi Online-Marketing-Taktiken de Consommateur uschmieren, an dat geet vu ganz einfachen Iwwerzeegungsapprochë bis bei sophistiquéiert Forme vu Verhalensmanipulatioun.

    Duerch den Asaz vun “Dark Patterns”, KI-generéiertem Profiling oder fiktiven Urgencë fänken digitale Servicer un, d’Decisioune vum Consommateur op eng Manéier ze beaflossen, wou all Transparenz an Autonomie net méi garantéiert ka ginn. Mee d’Reguléierung vun  deem Ganzen hippt awer wéinst der rasanter Entwécklung ëmmer hannendran. Dëse Podcast mat vill Beispiller, wéi esou Frauden oder Arnaquë kënnen ausgesinn, a wéi ee sech méi oder manner gutt protegéiere kann, huet de Jean Claude Majerus zesummegestallt.

    0 min
  • Europa Muer: Wéini kommen déi grouss Changementer bei de Passagéierrechter?

    An dësem  Podcast aus der Rubrik  “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” geet et ëm Passagéierrechter.

    Well Fluchpassagéier an der ganzer EU hu Rechter, wann hir Rees net wéi geplangt verleeft. Mee fir déi Rechter ze verstoen a se och duerchzesetzen ass net ëmmer einfach. Iwwerdeems d’Europäesch Unioun  am gaangen ass d'Rechter fir Passagéier am Allgemengen ze iwwerschaffen, bleift et awer schwiereg fir déi Rechter bei de Consommateure bekannt ze maachen an dernieft bleift den administrativen Opwand grouss an d’Ëmsetze vun de Rechter ass net iwwerall d’selwecht.

    De Jean Claude Majerus mécht an dësem Podcast  en Iwwerbléck vun der Passagéierrechter an der EU a kuckt och, wou déi meeschte Problemer sinn.

    0 min
  • Europa Muer: Kann Europa kompetitiv sinn, ouni Migranten opzehuelen?

    An dësem Podcast aus der Rubrik “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” geet et nach emol ëm Kompetitivitéit an zwar ëm d’Fro, ob d’EU an Europa kënne kompetitiv bleiwen ouni qualifizéierte Main d’oeuvre vu bausse mat eranzehuelen? Wat schwéier ass mat enger ëmmer méi strenger a restriktiver Migratiounspolitik.

    Wat maachen? Eng qualifizéiert Migratioun géint eng Qualifizéierung vu lokaler Main d’oeuvre, esou kéint een déi aktuell Situatioun beschreiwen. Am Fong geet et dorëms, en dynameschen Aarbechtsmaart ze hu mat de richtege Qualifikatiounen. Et ass och e Fakt, datt d’Populatioun vun de Mënschen, déi schaffen an Europa, ofhëlt, mee Europa brauch awer qualifizéiert Leit an den Domäne KI an Digitaliséierung oder gréng Technologien.

    De Jean Claude Majerus huet d’Meenungen aus villen europäesche Länner an dësem Podcast resuméiert. 

    23 min
  • Europa Muer: Wéi funktionéieren d’Frauden an d’Arnaquen hautdesdaags?

    An den nächste Podcasten “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” steet d’Consommatioun, d’Consommateuren an d’Rechter vun  e Leit am Mëttelpunkt.

    Et ass kloer, datt mir an enger Konsumgesellschaft liewen. Dofir huet d’Consommatioun och e grousse Stellewäert. Natierlech ass dës awer och en Terrain, op deem Kriminalitéit sech och ufänkt breet ze maachen. De Bedruch an der EU hëlt nawell zimmlech zolidd zou an d’Gauner änneren och ëmmer nees hir Strategie: Dat geet vum Klaue vun Donnéeë bis eriwwer bei d’Manipulatioun vu Mënschen an dobäi notzen d’Brigangen natierlech och progressiv Moyene wéi KI oder Social Engineering.

    De Jean Claude Majerus proposéiert an dësem Podcast en Iwwerbléck vun den heefegsten Arnaquen oder Forme vu Schwindel.

    22 min
  • Europa muer: Kënnen Klimachangement a Kompetitivitéit an Europa mateneen eens ginn?

    Vun enger Energiekris an déi aner ass d’Europäesch Unioun ëmmer nees gezwongen hir Prioritéiten ze iwwerschaffen. Sinn d’Präisser niddereg, da steet d’Kompetitivitéit am Fokus, an esoubal an enger Krisesituatioun d’Präisser unzéien, da ginn nees Pläng fir erneierbar Energien op den Dësch geluecht. An esou Situatioune sinn zimmlech onberechenbar fir d’Ekonomie, well d’Industrie kee kloren Engagement a klore Wee gesäit. An dofir ass d’Fro scho pertinent, ob Kompetitivitéit a Klimachangement kënne cohabitéieren.

    De Jean Claude Majerus resuméiert déi europäesch Meenungen zu dësem Theema.

    23 min
  • Europa Muer: Kënnen Klimachangement a Kompetitivitéit an Europa mateneen eens ginn?

    Vun enger Energiekris an déi aner ass d’Europäesch Unioun ëmmer nees gezwongen hir Prioritéiten ze iwwerschaffen. Sinn d’Präisser niddereg, da steet d’Kompetitivitéit am Fokus, an esoubal an enger Krisesituatioun d’Präisser unzéien, da ginn nees Pläng fir erneierbar Energien op den Dësch geluecht. An esou Situatioune sinn zimmlech onberechenbar fir d’Ekonomie, well d’Industrie kee kloren Engagement a klore Wee gesäit. An dofir ass d’Fro scho pertinent, ob Kompetitivitéit a Klimachangement kënne cohabitéieren.

    De Jean Claude Majerus resuméiert déi europäesch Meenungen zu dësem Theema.

    23 min
  • Europa Muer: Kann de Label “Made in Europe” d’Ekonomie an der EU garantéieren?

    An den nächste Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” geet et ëm d’Kompetitivitéit, also ëm d’Fäegkeet an de Wëllen, sech an dem ekonomeschen Ëmfeld an och géint eng zolidd Konkurrenz ze behaapten.

    D’Kompetitivitéit ass e Motor fir Fortschrëtt, Innovatioun an Entwécklung. Aktuell geet et virun allem dorëms, d’Kompetitivitéit fir d’Zukunftvun Europa ze sécheren, mee wëllt een dat och wierklech a wéi kann een dat maache?

    Kann an deem Kontext e Label “Made in Europe” hëllefen, d’Ekonomie an der EU ze sécheren. Soll d’EU sech eng strategesch Autonomie ginn an déi lokal Produktioun méi a méi promovéieren.

    De Jean Claude Majerus huet an dësem Podcast d’Meenungen dozou aus der ganzer EU resüméiert.

    0 min
  • Europa Muer: Spiounen a Geheimdéngschter: Wiem kann een nach trauen?

    Dës Kéier geet et awer ëm e Beräich, wou ee wuel eppes driwwer weess an awer huet ee kaum en Duerchbléck. An zwar geet et ëm Geheimdéngschter oder Noriichtendéngschter. Wat sinn hir Missiounen? Wat sinn déi nei Erausfuerderungen, déi op d’Noriichtendéngschter duer kommen, a wéi preparéiere sech d’EU-Memberstaaten dorobber.

    Besonnesch well et net ganz kloer ass, wéi eng Roll d’USA an deem Ganze spillen, an a wéi wäit een nach op d’Ënnerstëtzung vun den USA ziele kann. 

    Wéi schaffen d’Geheimdéngschter da bannent der EU zesummen - besonnesch mat der Situatioun, datt an der EU Länner aus West- an Osteuropa elo Partner sinn, wat jo historesch net ëmmer esou war.

    De Jean Claude Majerus huet an dësem Podcast d’Meenung vu villen Experten zesumme gedroen, mee am Resumé kann ee scho festhalen, datt “Vertrauen” eng ganz wichteg Approche an der Aarbecht vun de Geheimdéngschter ass.

    0 min
  • Europa Muer: Si mir prett fir déi nächst Generatioun vu Kricher?

    An den nächsten dräi Episode vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” steet d'Defense a Sécherheet, Arméi an alles wat mat Militär ze dinn huet, am Mëttelpunkt. An dat schéngt jo u sech kloer mat der aktueller Krich-Situatioun an Europa, de Konflikter am Noen Osten an och mat der dach alles anescht wéi stabiller Realitéit am Wäissen Haus zu Washington, zënter deem den aktuellen US-President Donald Trump do nees d’Soen huet.

    An eise Podcaste goung scho méi dacks iwwer KI a soss neien technologeschen Entwécklunge rieds an déi hunn natierlech och an Afloss an de Beräicher Defense a Sécherheet. An dofir geet et haut an éischte vun dräi Podcasten zum Theema Defense a Sécherheet ëm d’Fro, ob d’EU an d’Welt iwwerhaapt prett ass fir déi nei Generatioune vu Kricher, déi op eis duerkommen, ma deels awer och scho reell sinn.

    De Jean Claude Majerus huet dofir vill Meenungen an Iwwerleeungen an dësem Podcast “Europa muer” zesummegedroen.

    0 min
  • Europa Muer: Ass d’Gras op anere Plazen an Europa méigréng?

    Am leschte vun dräi Podcasten iwwer déi aktuell Situatioun an Europa am Kader vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk “Euranet plus” geet et ëm Migratioun.

    Awer eng aner Migratioun wéi déi iwwert déi et meeschtens an der Aktualitéit geet. Nämlech eng gewësse Migratioun bannent Europa a méi genee beschriwwen, ëm Europäer, déi bannent den europäesche Grenzen hin an hier plënneren.

    Bleiwen ech oder ginn ech ass eng Fro, déi vill jonk Mënsche sech stellen. Eng éischte Kéier, wou déi Fro meeschtens opkënnt, ass no der Première fir studéieren ze goen, an dat ass fir vill jonk Mënschen déi éischt Occasioun fir eleng anzwousch an engem anere Land ze liewen.

    Heescht dat dann elo, ech ginn, a kommen ni méi zeréck? Oder ech ginn a komme spéider nees heem, mat Erfarungen, déi mengem Doheem vun Notze sinn. Oder wéi eng Iwwerleeunge spille mat: Sécherheetsfroen? Liewensconditiounen? Finanziell Méiglechkeeten?

    De Jean Claude Majerus huet dës Approchen am Euranet-Podcast resüméiert.

    21 min

About Euranet Plus Podcast

From the publisher's feed

Wat brauchs du an ech vun der Europäescher Unioun? Eis Journalisten an der EU sinn där Fro op de Fong gaangen.