Däitschland steiert op Neiwalen zou: De Bundeskanzler Olaf Scholz huet nämlech d’Vertrauensfro gestallt. An d’Äntwert vun de Deputéiert zu Berlin, déi kënnt de Mëtteg. Da stëmmt de Bundestag nämlech iwwer déi Vertrauensfro of. Wann de Kanzler d’Vertrauen, wéi erwaart, entzu kritt, da wier de Wee fir d’Neiwalen an Däitschland och offiziell fräi.
Wat bei deene virgezunnen Neiwalen op Däitschland kéint duerkommen, dat hunn d’Walen am Hierscht an den ostdäitsche Bundeslänner Brandenburg, Sachsen an Thüringen schonn ugedeit - deen ale Parteiesystem ass op d’Kopp gestallt, Koalitioune ginn ëmmer méi schwéier ze fannen. Eng Analys vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch